Heefeg gestallte Froen
D'Adhésion am Biergerpakt
Wie kann dem Biergerpakt bäitrieden?
All Persoun ab 18 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft, kann dem Biergerpakt bäitrieden.
Wéi kann ech mech fir de Biergerpakt umellen?
D’Umeldung geschitt iwwer myguichet.lu. No der Umeldung kritt Dir eng automatesch Notifikatioun vu myguichet iwwer Är Adhesioun.
No Ärer Adhesioun kennt Dir eise Katalog kucken an Iech bei Aktivitéiten umellen.
Ech sinn Demandeur de protection internationale (DPI), kann ech mech och am Biergerpakt umellen?
Jo
Demandeurs et demandeuses de protection internationale (DPI), déi nach keen eegene LuxTrust Certificat besetzen, kenne manuell vun engem Mataarbechter vun der Biergerpakt-Ekipp ageschriwwe ginn.
- Follgend Informatioune gi gebraucht:
- Numm a Virnumm
- Emailadress
- Matricule
- Sprooch, an där Dir am Léifsten ugeschriwwe gitt
Ech sinn GrenzgängerIn - däerf ech mech beim Biergerpakt umellen?
Jo
Virausgesat Dir kënnt eng Affiliatiounsbescheinegung vum Centre Commun de la Sécurité Sociale (CCSS) virleeën, déi manner wéi dräi Méint al ass. Dës Bescheinegung muss bei der Adhesioun op myguichet.lu eropgeluede ginn.
Huet de Biergerpakt eng fest Dauer?
Nee
De Biergerpakt huet keng fest Dauer. Ären Dossier gëtt awer automatesch zougemaach, wann Dir zwee Joer laang u kenger Aktivitéit deelgeholl hutt.
Ech hunn un enger Aktivitéit deelgeholl – kréien ech eng Participatiounsbescheinegung?
Jo
No all neier Participatioun kritt Dir eng aktualiséiert Iwwersiicht an Ärem myguichet.lu-Beräich.
Dierfe Kanner och u Biergerpakt-Aktivitéiten deelhuelen?
Leider net
Nom Gesetz vum 23. August zum interkulturellen Zesummeliewen ass de Biergerpakt fir all Persoun iwwer 18 Joer op. Aus deem Grond sinn d’Aktivitéite net fir Kanner a Jugendlecher op. D’Kanner vun de Biergerpakt Adhérenten kennen dofir och net un Aktivitéiten deelhuelen, et sief dann, et handelt sech em spezifesch Aktivitéite fir Familljen an dës sinn och esou gekennzeechent.
De Biergerpakt an d'Ufro vun der lëtzebuergescher Nationalitéit
Muss ech um Biergerpakt deelhuelen, fir kennen d’lëtzebuergesch Nationalitéit unzefroen?
Nee
Dir musst net um Biergerpakt deelhuelen, fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit dierfen unzefroen. De Biergerpakt bitt awer en Avantage, wann een d’Nationalitéit per Optioun wëll ufroen. Wann Dir um Orientéierungsdag an um Cours “Lëtzebuerg entdecken” deelgeholl hutt an de Niveau A1.1 an enger vun de Landessproochen ereecht hutt, kritt Dir e Certificat vum Biergeprakt. Dëse Certificat kennt Dir Ärer Demande bäileeën a profitéiert esou mat vun enger méi schneller Prozedur.
Kréien ech mat mengem Biergerpakt Certificat vum Niveau A1.1. am Lëtzebuergeschen eng Dispense vum Sproochentest am Kader vun der Prozedur fir d'Nationalitéit?
Nee
De Biergerpakt-Certificat gëtt Iech keng Dispense fir de Sproochentest am Kader vun der Demande fir d’Nationalitéit.
Muss ech d'Sproocheplattform vum Biergerpakt benotze, fir mäi "Module linguistique" unerkannt ze kréien?
Nee
Dir kennt eis och e Certificat vun engem Sproochecours iwwer eise Kontaktformular erareechen.
Mee et ass wichteg datt dës Sproochenaktivitéit wärend Ärer Biergerpakt-Adhesioun geschitt ass.
Wat ass de Lien tëscht dem Cours "Lëtzebuerg entdecken" vum Biergerpakt an dem Cours "Vivre ensemble", deen am Kader vun der Proezdur fir d'Nationalitéit ugebuede gëtt?
Et handelt sech heibäi em zwee verschidde Coursen.
Persounen, déi wëllen d’Nationalitéit par Option ufroen, mussen obligatoresch um Cours “Vivre ensemble” deelhuelen, och wa si de “Lëtzebuerg entdecken” gemaach hunn.
Allerdings besteet e Lien tëscht deenen zwee Coursen op follgend Art a Weis:
- Wann Dir um Cours “Lëtzebuerg entdecken” deelgeholl hutt, kennt Dir domat eng Dispense vum Module 3 vum “Vivre ensemble” kréien.
- Wann Dir um Cours « Vivre ensemble » deelgeholl hutt, kennt Dir beim Biergerpakt eng Dispense vum “Lëtzebuerg entdecken” kréien. Dofir musst Dir eis just Äre Certificat via eise Kontaktformulaire eraschécken.
De Cours "Lëtzebuerg entdecken"
Ech konnt net un der zweeter oder drëtter Sessioun vum Cours deelhuelen, kann ech mech just an déi Sessioun vun engem anere Cours umellen?
Nee
Et ass obligatoresch, un alle Sessioune vun engem Cours deelzehuelen. A ganz seelene Fäll, an op Basis vun engem Justificatif (Krankeschäin, Urgence op der Aarbecht), ass et méiglech eng Ausnam ze maachen.
Ech krut mäi Webex-Link fir mäin Online-Cours net. Wat soll ech maachen?
De Link befënnt sech an Ärer Confirmatiounsemail, déi Dir zwee oder dräi Deeg virum Cours geschéckt krut. Kuckt och an Ärem SPAM no. Wann Dir do näischt fannt, schéckt eis Är Demande iwwer eise Kontaktformulaire eran.
Wat ass de Lien tëscht dem Cours "Lëtzebuerg entdecken" vum Biergerpakt an dem Cours "Vivre ensemble", deen am Kader vun der Proezdur fir d'Nationalitéit ugebuede gëtt?
Et handelt sech heibäi em zwee verschidde Coursen.
Persounen, déi wëllen d’Nationalitéit par Option ufroen, mussen obligatoresch um Cours “Vivre ensemble” deelhuelen, och wa si de “Lëtzebuerg entdecken” gemaach hunn.
Allerdings besteet e Lien tëscht deenen zwee Coursen op follgend Art a Weis:
- Wann Dir um Cours “Lëtzebuerg entdecken” deelgeholl hutt, kennt Dir domat eng Dispense vum Module 3 vum “Vivre ensemble” kréien.
- Wann Dir um Cours « Vivre ensemble » deelgeholl hutt, kennt Dir beim Biergerpakt eng Dispense vum “Lëtzebuerg entdecken” kréien. Dofir musst Dir eis just Äre Certificat via eise Kontaktformulaire eraschécken.
De Biergerpakt an déi aner Instrumenter vum Zesummeliewen
Wat ass déi legal Basis vum Biergerpakt?
De Biergerpakt baséiert um Gesetz vum 23. August 2023 iwwert dat interkulturellt Zesummeliewen, dat den 1. Januar 2024 a Kraaft getrueden ass.
Dëst Gesetz definéiert dat interkulturellt Zesummeliewen als e partizipativen, dynameschen a kontinuéierleche Prozess, deen all Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft, erméiglecht zesummen ze liewen, ze schaffen an ze decidéieren.
Dat interkulturellt Zesummeliewen baséiert op géigesäitegem Respekt, Toleranz, Solidaritéit, sozialer Kohäsioun an dem Engagement géint Rassismus an all Form vu Diskriminéierung. Et gesäit Diversitéit als e Räichtum an eng Stäerkt fir d’Entwécklung vun enger interkultureller Gesellschaft.
Ass de Gemengepakt dat selwecht wéi de Biergerpakt?
Nee
De Gemengepakt gëtt vun enger Gemeng ënnerschriwwen. Domat engagéiert sech d’Gemeng sech fir dat interkulturellt Zesummeliewen. De Gemengepakt ass an thematesch Zyklen strukturéiert, déi sech a verschiddenen Etappen ofspillen.
Meng Gemeng huet de Gemengepakt ënnerschriwwen - sinn ech dann automatesch Adhérent(e) vum Biergerpakt?
Nee
Och wann Är Gemeng de Gemengepakt ënnerschriwwen huet, sidd Dir net automatesch Adhérent(e) vum Biergerpakt. Dem Biergerpakt bäitrieden ass eng perséinlech Demarche, déi all BiergerInn muss selwer maachen. Allerdings kréien d’Gemengen e Subside fir all Bierger, deen dem Biergerpakt bäigetrueden ass.