Wichteg Informatioun fir Persounen, déi sech fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit interesséieren:
D’Participatioun um Cours „Découvrir” vum Biergerpakt gëtt Iech d’Recht op eng Dispens vum Modul 3 vum Cours „Zesummeliewen am Groussherzogtum Lëtzebuerg”, deen obligatoresch ass fir d’Ufro fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun. De Certificat, deen Dir um Enn vum „Découvrir” an Ärem myguichet.lu-Kont kritt, kann un nationalite.sfa@men.lu geschéckt ginn, fir d’Dispens vum Modul 3 ze kréien.