The government of the Grand Duchy of Luxembourg

Biergerpakt

De Biergerpakt ass op fir all volljäreg Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft. De Pakt bitt Zougang zum Programm fir d’interkulturellt Zesummeliewen.

 

D’Aschreiwung ass fräiwëlleg. Mam Beitrett engagéieren ech mech aktiv um interkulturellen Zesummeliewen zu Lëtzebuerg deelzehuelen. Duerch de Biergerpakt entdecken ech Lëtzebuerg, seng Sproochen, seng Traditiounen, seng Wäerter, seng Veräiner an nach ganz vill mei. 

Ech sinn dem Biergerpakt bäigetrueden. Ab elo kann ech um interkulturelle Programm vum Zesummeliewen deelhuelen. Wat erwaart mech am Programm vum interkulturellen Zesummeliewen.

Programm vum interkulturellen Zesummeliewen

De Programm vum interkulturellen Zesummeliewen ass gratis a gëtt Zougang zu dräi Aféierungsmodüllen iwwer d’Liewen zu Lëtzebuerg an aus engem ëmfaassende Katalog mat individuelle Modüllen, (ou modules avancésiwwert Thematik vum interkulturellen Zesummeliewen. 

Aféierungs
Modüllen

De Programm fir d’interkulturellt Zesummeliewe besteet aus dräi Aféierungsmodüllen: 

  • Orientatiounsdag : e Modüll, fir am deegleche Liewe besser eens ze ginn 
  • Sprooch Modul: e Modüll, fir d’Sprooche vum Land kennen ze léieren 
  • Matenee schwätzen: je reçois un premier aperçu sur le pays, son histoire et ses coutumes.

     

Wichteg Informatioun: Eng erfollegräich Participatioun un de Modüllen als Aféierung an d’Liewen zu Lëtzebuerg gëtt am Kader vun der Demande fir eng laangfristeg Openthaltsgeneemegung gradewéi am Kader vun der Demande fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun berécksiichtegt. 

Individuell
Modüllen

Ech hunn ausserdeem Accès zu engem Katalog mat individuelle Modüllen. An dëse Katalog hunn ech de Choix un engem breede Spektrum vu Kueren an Aktivitéiten. D’Offer gëtt lafend ausgebaut an de Katalog bitt Aktivitéiten an de follgende Kategorien un :

  • Sprooche léieren an uwenden
  • Engagement als Bierger*in an aktiv Participatioun op nationalem a kommunalem Plang
  • e bessert Verständnis vun administrativen Demarchen
  • Sensibiliséierung am Beräich vun der Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminéierung
  • Entdecke vun de Wäerter vum Land an der Offer un Aktivitéiten am sozialen, wirtschaftlechen, politeschen oder kulturelle Beräich
  • Verdéiwung vun de Kenntnisser iwwer d’Liewen am Grand-Duché, seng Geschicht a säi kulturelle Patrimoine

An nach vill méi ! 

Modüll „Wëllkomm zu Lëtzebuerg“

Wann Dir nei zu Lëtzebuerg sidd an nach net déi néideg Sproochekenntnisser hutt, fir un den Aféierungsmodüllen deelzehuelen, mee awer wichteg Informatiounen iwwer d’Liewen zu Lëtzebuerg kréie wëllt.

→ Da kann ech mech fir de Modüll „Wëllkomm zu Lëtzebuerg“ umellen.

→ Wichteg Informatioun: All volljäreg Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft, kann un dësem Modüll deelhuelen. E riicht sech zum Beispill u Persounen, déi internationale Schutz ufroen oder genéissen, an u Persoune mat temporärem Schutzstatus.

D’Dauer vum Modüll: 6 Stonnen
Sprooch(en): Franséisch (einfach), Englesch

Interkulturellt Zesummeliewen

Den 1. Januar 2024 ass d’Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d’interkulturellt Zesummeliewen a Kraaft getratt.

D’interkulturellt Zesummeliewen ass e partizipativen, dynameschen a kontinuéierleche Prozess, deen et all de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder schaffen, erméiglecht, zesummen ze liewen, ze schaffen an ze decidéieren.

Dëse Prozess baséiert op géigesäitegem Respekt, Toleranz, Solidaritéit, sozialem Zesummenhalt an op der Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminéierung.. Et etabléiert Diversitéit als Räichtum an ass e Verméigen fir d'Entwécklung vun enger interkultureller Gesellschaft. (*Art. 1: Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d’interkulturellt Zesummeliewen))

Catalogue de modules individuels

Evènements, ateliers et activités dans le domaine du vivre ensemble interculturel.

Carte interactive

Découvrez toutes les offres près de chez vous

Neiegkeeten

Person raising a hand to ask a question

Eng Fro?
Dir braucht Hëllef?

Dir braucht méi Informatioun?
Registréiert Iech fir eisen Newsletter.

Aller au contenu principal