Wat ass de Biergerpakt?
Wat ass de Biergerpakt?
De Biergerpakt ass de Programm fir dat interkulturellt Zesummeliewe vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an den Accueil vu Flüchtlingen.
En ass fir all volljäreg Persoun op, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft – och fir Frontalieren.
D’Participatioun un allen Aktivitéite vum Biergerpakt ass gratis.
D’Zil vum Biergerpakt ass et, Leit zesummenzebréngen an/oder hinnen ze hëllefen, Lëtzebuerg, seng Bräich, seng Kultur, seng Traditiounen ze entdecken an nei Informatiounen iwwer d’Land ze kréien.
D’Umeldung fir de Biergerpakt geschitt iwwer d’Plattform myguichet.lu.
Wat bitt de Biergerpakt?
D’Offer vum Biergerpakt ëmfaasst ënner anerem:
- En Orientéierungsdag
- D’Méiglechkeet, Sproochen ze léieren an ze üben duerch den Zougang zu enger Sprooche-Léierplattform a Sproochecaféen
- E 6-Stonne-Cours „De Groussherzogtum Lëtzebuerg entdecken“
- Geféiert Visitte vu kulturellen, politeschen, sozialen an historeschen Institutiounen
- Konferenzen an Diskussiounsronnen zu Theme ronderëm Interkulturalitéit an Zesummeliewen
- Kino- an Diskussiounsowender
- Formatiounen a verschiddene Beräicher
- Kreativ Atelieren
- Podcasten
- … a villes méi! D’Offer vum Biergerpakt entwéckelt sech permanent weider a gëtt an de kommende Méint a Jore weider ausgebaut.
Wéi eng Theeme behandelt de Biergerpakt?
D’Aktivitéite vum Biergerpakt si villfälteg a ginn a fënnef thematesch Beräicher agedeelt:
- Seng Kenntnisser iwwer Lëtzebuerg verdéiwen oder opfrëschen
- Sech aktiv als Biergerin oder Bierger engagéieren
- Diversitéit fërderen an all Form vu Rassismus an Diskriminéierung bekämpfen
- Sproochen léieren an praktizéieren
- Administrativ Prozedure besser verstoen