De Biergerpakt an d’Nationalitéit / d’Openthaltsgeneemegung
Aféierungsmodülle
Fir Memberen, déi entweder eng laangfristeg Openthaltsgeneemegung oder d’lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun wëllen ufroe, bitt de Biergerpakt e Virdeel.
Déi am Gesetz esou genannten „Aféierungsmodüllle“ ginn hei ënner bestëmmte Konditioune berücksichtegt.
Dës dräi Aktivitéite sinn:
- d’Léiere vun enger vun den dräi offizielle Sproochen
- de Cours „Lëtzebuerg entdecken“ iwwer Lëtzebuerg, seng Geschicht a seng Bräich
- den Orientéierungsdag
Wéi funktionéiert dat an der Praxis?
No der Participatioun um:
- Orientéierungsdag
- Cours „Lëtzebuerg entdecken“
kritt Dir e Certificat an Ärem private Beräich vu myguichet.lu zur Verfügung gestallt.
Fir datt de „Sprooche-Modüll“ unerkannt gëtt, musst e Niveau A1.1. an enger vun den dräi offizielle Sproochen attestéiert ginn. Dir hutt e puer Méiglechkeeten, fir dëst unerkannt ze kréien:
- Äre„Sproochentest“-Zertifikat vum Institut national des langues (INLL) erareechen
- E Certifikat vun der Plattform „Altissia“ erareechen
- E Certifikat vun engem anere Sproochecours erareechen, deen Dir onofhängeg vum Biergerpakt gemaach hutt.
Fir datt de Sproochecours ka validéiert ginn, muss de Cours wärend Ärer Biergerpakt-Adhesioun stattfonnt hunn. Schéckt eis eng Kopie iwwer eise Kontaktformulaire eran. Wann Dir déi dräi Aféierungsmoduler erfollegräich ofgeschloss hutt, gëtt de finale Certificat am private Beräich op myguichet.lu zur Verfügung gestallt. Dëse Certificat kann der Demande fir eng laangfristeg Openthaltsgeneemegung oder fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun bäigeluecht ginn. D’Kandidatin oder de Kandidat profitéiert domat vun enger méi kuerzer Beaarbechtungszäit.