De Biergerpakt an d’Nationalitéit / d’Openthaltsgeneemegung
Aféierungsmodülle
Fir Memberen, déi entweder eng laangfristeg Openthaltsgeneemegung ufroen oder d’lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun wëllen erreechen, bitt de Biergerpakt e Virdeel.
Déi am Gesetz esou genannten „Aféierungsmoduler“ ginn ënner bestëmmte Konditioune berücksichtegt.
Dës dräi “Aféierungsmoduler” sinn:
- d’Léiere vun enger vun den dräi offizielle Sproochen
- de Cours „Lëtzebuerg entdecken“ iwwer Lëtzebuerg, seng Geschicht a seng Bräich
Wéi funktionéiert dat an der Praxis?
No der Participatioun um:
- Orientéierungsdag
- Cours „Lëtzebuerg entdecken“
gëtt eng Participatiounsattestatioun am private Beräich vum Member op der Plattform myguichet.lu zur Verfügung gestallt.
Fir datt de „Sproochemodul“ unerkannt gëtt, muss e Niveau A1 an enger vun den dräi offizielle Sproochen attestéiert ginn. Et ginn e puer Méiglechkeeten fir dëst unerkannt ze kréien:
- De „Sproochentest“-Zertifikat vum LLO erareechen
- Den Zertifikat vun der Plattform „Altissia“ erareechen
- En Zertifikat vun engem anere Sproochecours erareechen
D’Zertifikat muss wärend der Memberschaft beim Biergerpakt ausgestallt gi sinn a per E-Mail un biergerpakt.zesummeliewen@fm.etat.lu geschéckt ginn.
Wann déi dräi Aféierungsmoduler erfollegräich ofgeschloss sinn, gëtt de finale Certificat am private Beräich op myguichet.lu zur Verfügung gestallt. Dëse Certificat kann der Demande fir eng laangfristeg Openthaltsgeneemegung oder fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun bäigeluecht ginn. D’Kandidatin oder de Kandidat profitéiert domat vun enger méi kuerzer Beaarbechtungszäit.
Heefeg gestallte Froen
Ech hunn mäin finale Certificat vum Biergerpakt kritt – heescht dat, datt ech kee Sproochentest am Kader vun enger Demande fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit maache muss?
Neen
De Biergerpakt-Certificat befreit NET vun den Tester, déi am Kader vun enger Demande fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit duerch Optioun verlaangt ginn.
Muss ech d’Sprooche-Léierplattform vum Biergerpakt benotzen, fir datt mäi „Sproochemodul“ unerkannt gëtt?
Neen
Dir kënnt och eng Bescheinegung iwwer Är Léieraktivitéit an engem anere Sproochecours per E-Mail un biergerpakt.zesummeliewen@fm.etat.lu schécken. Wichteg ass, datt d’Léieraktivitéit wärend Ärer Memberschaft beim Biergerpakt stattfonnt huet.
Wéi en Zesummenhang besteet tëscht dem Biergerpakt-Cours „Lëtzebuerg entdecken“ an dem Cours „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg“ am Kader vun der lëtzebuergescher Nationalitéit?
Et handelt sech ëm zwee verschidde Coursen.
Kandidatinnen a Kandidate fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit mussen um Cours „Vivre ensemble“ deelhuelen, och wa si de Cours „Lëtzebuerg entdecken“ ofgeschloss hunn.
Et besteet awer d’Méiglechkeet, eng Befreiung vum Modul 3 vum Cours „Vivre ensemble“ ze kréien, wann een um Cours „Lëtzebuerg entdecken“ vum Biergerpakt deelgeholl huet. Bei der Umeldung fir de Cours „Vivre ensemble“ kann een d’Zertifikat vum Cours „Lëtzebuerg entdecken“ eroplueden.
Wann Dir um Cours „Vivre ensemble“ deelgeholl hutt, kënnt Dir eng Befreiung vum Biergerpakt-Cours „Lëtzebuerg entdecken“ kréien, andeems Dir Äert Zertifikat un biergerpakt.zesummeliewen@fm.etat.lu schéckt.