Politik iwwer d’Veraarbechtung an de Schutz vu perséinlechen Donnéeën

Am Kader vun de Bestëmmunge vum Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d’interkulturellt Zesummeliewen an zur Ännerung vum geännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit sammelt a benotzt de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil (hei duerno „de Ministère“) als Responsabel fir d’Veraarbechtung bestëmmte perséinlech Donnéeën, déi en am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun dësen Donnéeën (RGPD) veraarbecht. Dës Informatioune ginn esou laang vum Ministère gespäichert, wéi et néideg ass, fir den Zweck vun der Veraarbechtung z’erreechen. Bei de Biergerpakt-Aktivitéiten, fir déi Dir Iech umellt, kënnen Är Kontaktdonnéeën un den Organisateur vun der Aktivitéit weidergeleet ginn, fir datt Är Participatioun validéiert ka ginn.

Am Aklang mat der applicabeler Dateschutzgesetzgebung hutt Dir bestëmmte Rechter, ënner anerem:
• e Recht op Zougang (Dir hutt d’Recht, op Är perséinlech Donnéeën zouzegräifen);
• e Recht op Berichtegung (Dir hutt d’Recht, Är perséinlech Donnéeë berichtegen ze loossen, wann Dir feststellt, datt se net korrekt oder net komplett sinn);
• e Recht op Läschung (Dir kënnt ënner bestëmmten Ëmstänn froen, datt e puer vun Äre perséinlechen Donnéeë geläscht ginn);
• e Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung (Dir kënnt ënner bestëmmten Ëmstänn froen, datt den Zougang zu Äre perséinlechen Donnéeë gespaart gëtt);
• e Recht op Widdersproch (Dir kënnt der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeë widderspriechen, wann Dir der Meenung sidd, datt d’Veraarbechtung illegal ass, an hir Läschung froen).

Et ass awer ze bemierken, datt déi meescht perséinlech Donnéeën op Basis vun engem Gesetz veraarbecht ginn an datt dofir bestëmmte Rechter limitéiert sinn.

Fir all Informatioun iwwer d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën duerch de Ministère, wann Dir Är Rechter op Zougang, Berichtegung, Läschung, Aschränkung a Widdersproch wëllt geltend maachen, oder wann Dir mengt, datt et eng Verletzung vun Äre perséinlechen Donnéeë gouf, kënnt Dir Iech un den Dateschutzbeoptragten (DPO) vum Ministère wenden:
• E-Mail: dateschutz@fm.etat.lu
• Postadress:
o Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil
o À l’att. du délégué à la protection des données
o 13c, rue de Bitbourg
o L-1273 Luxembourg-Hamm

De RGPD gëtt Iech d’Recht, eng Reklamatioun bei der nationaler Kontrollautoritéit anzereechen, der Commission nationale pour la protection des données (CNPD), 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux; www.cnpd.public.lu.

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.