Sprooche léiere mam Biergerpakt

De Biergerpakt bitt all sengen Adherenten d’Méiglechkeet, d’Verwaltungssproochen zu Lëtzebuerg ze léieren an ze praktizéieren. Fir d’Sproochen ze léieren, schafft de Biergerpakt mat Online-Léierplattformen zesummen.

Fir d’Sproochepraxis setzt de Biergerpakt op d’Sproochekaffien, déi vun de Gemengen, Vereiner an de kommunale Kommissiounen fir Zesummeliewen organiséiert ginn.

 

Franséisch an Däitsch

De Biergerpakt bitt sengen Adherenten gratis Aktivéierungscoden fir d’Online-Léierplattform Altissia un, fir Franséisch an Däitsch ze léieren. Dës Plattform erlaabt et, Sproochen am eegene Rhythmus an no den eegene Disponibilitéiten ze léieren. Et geet duer, en Zougangscode unzefroen.

 

Lëtzebuergesch

Fir Lëtzebuergesch ze léieren, schafft de Biergerpakt mat der Léierplattform fir Lëtzebuergesch (LLO) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zesummen. Den LLO bitt gratis Lektiounen am Lëtzebuergeschen bis zum Niveau B2 un. Um LLO kann ee säi Sproocheniveau testen, Online-Exercicen maachen, u virtuellen an och un Präsenz-Aktivitéiten deelzehuelen.

D’Sproochléieren am Kader vum Biergerpakt unerkennen loossen

Fir datt Äre Sproochemodul am Biergerpakt unerkannt ka ginn, ass et noutwendeg, e Certificat fir de Niveau A1.1 virzeweisen. Dëse Certificat muss no Ärer Adhesioun am Biergerpakt ausgestallt gi sinn. Dir hutt verschidde Méiglechkeeten:

  • Schéckt eis eng Kopie vun engem Test, deen Dir op Altissia gemaach hutt (lëtzebuergesch, däitsch, franséisch)
  • Schéckt eis eng Kopie vun Ärem „Sproochentest“, deen Dir um Institut national des langues (INLL) gemaach hutt
  • Schéckt eis e Certificat vun engem unerkannten Sproochcours, un deem Dir onofhängeg vum Biergerpakt deelgeholl huet
Dir kennt Äre Niveau am Lëtzebuergeschen op Altissia maachen, ouni e Konto ze hunn (klickt op de Link hei drënner)! Maacht ee Screenshot a schéckt eis en via eise Kontaktformulaire eran.
Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.