Den Orientéierungsdag ass eng Aktivitéit, déi zweemol am Joer am Kader vum Biergerpakt ugebuede gëtt.
Bei dëser Veranstaltung hutt Dir d’Méiglechkeet:
- Iech op Informatiounsstänn vu ville Ministèren, Verwaltungen an Associatiounen iwwer administrativ Demarchen ze informéieren
- Iech am Kader vun interaktiven Atelieren mat Acteuren aus dem lëtzebuergeschen Associatiouns- a Kultursecteur auszetauschen
- Är Liewenserfarungen zu Lëtzebuerg mat den anere Participanten a Participantinnen ze deelen
D’Zil vum Orientéierungsdag ass et, de Membere vum Biergerpakt Zougang zu Informatiounen iwwer administrativ Demarchen an d’Méiglechkeete fir sech um gesellschaftleche Liewen ze bedeelegen, ze bidden.