Wat ass de Biergerpakt?

Wat ass de Biergerpakt?

De Biergerpakt ass de Programm fir dat interkulturellt Zesummeliewe vum lëtzebuergesche Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an den Accueil vu Flüchtlingen.

Hien ass fir all volljäreg Persoun op, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft – och fir Grenzgängerinnen a Grenzgänger. D’Participatioun un allen Aktivitéite vum Biergerpakt ass gratis.

D’Zil vum Biergerpakt ass et, Leit zesummenzebréngen an/oder hinnen ze hëllefen, Lëtzebuerg, seng Bräich, seng Kultur, seng Traditiounen z’entdecken an nei Informatiounen iwwer d’Land ze kréien.

D’Umeldung fir de Biergerpakt geschitt iwwer d’Plattform myguichet.lu.

Wat bitt de Biergerpakt?

D’Offer vum Biergerpakt ëmfaasst ënner anerem:

  • En Orientéierungsdag
  • D’Méiglechkeet, Sproochen ze léieren an ze üben duerch den Zougang zu enger Sprooche-Léierplattform a Sproochecaféen
  • E 6-Stonne-Cours „De Groussherzogtum Lëtzebuerg entdecken“
  • Geféiert Visitte vu kulturellen, politeschen, sozialen an historeschen Institutiounen
  • Konferenzen an Diskussiounsronnen zu Theemen ronderëm Interkulturalitéit an Zesummeliewen
  • Kino- an Diskussiouns Owender
  • Formatiounen a verschiddene Beräicher
  • Kreativ Atelieren
  • … a villes méi! D’Offer vum Biergerpakt entwéckelt sech permanent a gëtt an de kommende Méint a Jore weider ausgebaut.

Wéi eng Theeme behandelt de Biergerpakt?

D’Aktivitéite vum Biergerpakt si villfälteg a ginn a fënnef thematesch Beräicher agedeelt:

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.