Online Infosession: Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) verstoen – vun Agence eSanté

Detailer

  • Organisateur : Agence e-Santé
  • Datum : 11/11/2025 13:00 - 13:45
  • Durée : 45 min
  • Wou :
    Online
  • Sprooch(en) : EN
  • Sproochniveau : B1

Aschreiwung

Wat ass den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)? Firwat gëtt et en? Wat sinn seng Virdeeler fir mech an d’Gesondheetspersonal? Wéi benotzen ech en a wéi ginn ech mengem Dokter Zougang dozou?

Während dëser kuerzer Online-Informatiounssessioun ginn Iech Expertinnen an Experten vun der Agence eSanté en Iwwerbléck iwwer de Gesondheetsdossier (DSP), erkläre firwat et wichteg ass en ze benotzen a wéi een sech registréiere kann.

„Online Infosession“ ass en neit Online-Format, dat vum Biergerpakt ugebuede gëtt, fir de Membere wichteg Informatiounen zu ausgewielte Sujeten aus dem Liewen an der Verwaltung zu Lëtzebuerg zur Verfügung ze stellen.