Guidéiert Visitt vum Musée « A Possen »

Detailer

  • Partenaire : Musée A Possen – Musée folklorique et viticole
  • Datum : 28/11/2026 15:00 - 16:00
  • Wou :
    Musée « A Possen »
    2, Keeseschgaessel
    L-5405 Bech-Kleinmacher
  • Sprooch(en) : FR

Type d’évènement

  • Kreativ Atelieren a Begéinungs-Méiglechkeeten

Inscriptions

Guidéiert Visitt vum Musée « A Possen »
Entdeckt zesumme mat engem Guide de Musée « A Possen » a seng verschidde Gebaier,
vun deenen dat eelst op d’Joer 1617 zeréckgeet. Am Laf vun der Visitt léiert Dir déi lokal
Bräich, dat traditionellt Handwierkskënnen an d’Liewensweis vun den Awunner aus
engem Museldierfchen am 19. Joerhonnert an am Ufank vum 20. Joerhonnert kennen.
An enger gemittlecher a häerzlecher Atmosphär loosst Dir Iech an d’Vergaangenheet
entféieren an entdeckt de ganze Räichtum vum kulturellen Ierwen un der Musel. Zum
Ofschloss vun der Visitt kritt Dir e Patt offréiert.
Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis.

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.