Detailer
- Organisateur : Luxembourg City Tourist Office a.s.b.l.
- Datum : 31/07/2026 16:00 - 17:15
- Durée : 1h15
-
Wou :
Palais Grand-Ducal
17, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg - Sprooch(en) : FR
Type d’évènement
- Visites guidées
Aschreiwung
De Groussherzogleche Palais, am Häerz vun der Alstad, ass déi offiziell Residenz vun der groussherzoglecher Famill.
De Palais steet op der Plaz vum fréiere Stadhaus, deem seng Urspréng bis op d’Joer 1418 zeréckginn. D’Gebai gouf am Laf vun de Joerhonnerte méi mol ëmgebaut. No der Explosioun vun 1554 gouf et nei opgeriicht, am 18. Joerhonnert vergréissert an ass zënter 1890 de Groussherzogleche Palais. Tëscht 1992 an 1995 gouf de Palais grëndlech restauréiert.
Mir freeën eis, Iech de Groussherzogleche Palais am Kader vun enger 75 Minutte laanger Visitt mat Guide ze weisen. Dës eenzegaarteg Erfarung mécht Iech d’Diere vun der offizieller Residenz vun der groussherzoglecher Famill op a léisst Iech ënner anerem de Bureau vum Groussherzog, den Iesssall an de Salon vun de Kinneken entdecken, fir nëmmen e puer ze nennen…