Orientéierungsdag

Den Orientéierungsdag ass eng Aktivitéit, déi zweemol am Joer am Kader vum Biergerpakt ugebuede gëtt.

Bei dëser Veranstaltung hutt Dir d’Méiglechkeet:

  • Iech op Informatiounsstänn vu ville Ministèren, Verwaltungen an Associatiounen iwwer administrativ Demarchen ze informéieren
  • Iech am Kader vun interaktiven Atelieren mat Acteuren aus dem lëtzebuergeschen Associatiouns- a Kultursecteur auszetauschen
  • Är Liewenserfarungen zu Lëtzebuerg mat den anere Participanten a Participantinnen ze deelen

D’Zil vum Orientéierungsdag ass et, de Membere vum Biergerpakt Zougang zu Informatiounen iwwer administrativ Demarchen an d’Méiglechkeete fir sech um gesellschaftleche Liewen ze bedeelegen, ze bidden.

Entdeckt den Orientéierungstag an dësem Video: