Detailer
- Organisateur : Commuauté Baha'i du Luxembourg
- Datum : 06/11/2026 10:30 - 13:00
-
Wou :
Maison des Sciences humaines - Black Box
11 Prte des Sciences,
L-4366 Belval Esch-sur-Alzette - Sprooch(en) : EN
Type d’évènement
- Coursen a Konferenzen
Inscriptions
“Wéi kënne mir dat interkulturellt Zesummeliewen am Alldag aktiv gestalten? Wéi kann de Gemeinschaftsopbau Mënschen an hirer Villfalt méi no zesummebréngen, a wéi eng Roll spillt de Benevolat an dësem Prozess?
Dës Konferenz gëtt gemeinsam vun der Uni.lu, dem UNESCO Chair in Human Rights an der Bahá’í-Gemëng Lëtzebuerg organiséiert. Si ass Deel vun enger alljährlecher Veranstaltungsrei, déi Fuerscher, Medienschaffender, Veräiner, Gemengen an Institutiounen zesummebréngt. Si bitt Raum fir Reflexioun an Austausch iwwer Approchen a Praktiken, déi d’ Zesummeliewen zu Lëtzebuerg stäerke kënnen.
Dëst Joer begréisse mir d’Talia Melic vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD). Si wäert d’Resultater vun der Etüd Area-based Initiatives to Transform Neighbourhoods: An International Policy Mapping“ (2026) virstellen. An hirem Bäitrag wäert si drop agoen, wéi d’Erkenntnisser aus lokalen Initiativen a verschiddene Länner nei Impulser fir dat interkulturellt Zesummeliewen an de Gemeinschaftsopbau zu Lëtzebuerg kënne ginn.
Eng uschléissend Table ronde mat Perspektiven aus der Fuerschung, de Medien an der Zivilgesellschaft bitt d’Geleeënheet, dës Iwwerleeungen ze verdéiwen a gemeinsam ze entdecken, wéi de Benevolat an gemeinsamt Léieren zu engem méi staarken Zesummeliewe bäidroe kënnen.