Detailer
- Organisateur : Travail Social Communautaire- ASTI ASBL
- Datum : 30/09/2026 19:00 - 20:30
- Durée : 90min
-
Wou :
Centre Culturel Drescherhaus
26A, rue du Château L-1329 Luxembourg - Sprooch(en) : FR LU EN IT PT ES ALL
- Sproochniveau : A1
Type d’évènement
- Cafés des langues
Aschreiwung
Wëllt Dir nei Leit vu verschiddenen Nationalitéite kenneléieren an nei Bekanntschafte maachen? Wëllt Dir gläichzäiteg eng Sprooch üben?
Da kommt op de Café des Langues (Sproochecafé), deen eemol de Mount vun 19:00 bis 20:30 Auer am Kulturzentrum Drescherhaus zu Lëtzebuerg-Dommeldeng stattfënnt.
Dëse Projet gouf am Kader vun der ASTI-Initiativ „J’aime mon quartier“ lancéiert, a Zesummenaarbecht mam Syndicat d’Initiative Eich-Dommeldange a Weimerskirch, mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg.
Dës Initiativ erméiglecht de Participanten, sech an enger frëndlecher Atmosphär a verschiddene Sproochen auszetauschen, dorënner Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Italienesch, Spuenesch a vill aner.
De Café des Langues gëtt all Mount organiséiert. D’Datumer vun den nächste Sproochecaféë fannt Dir op eiser Websäit www.asti.lu.
Wunnt Dir an/oder schafft Dir an der Stad Lëtzebuerg?
Maacht mat bei dësem Treff vu Leit aus verschiddenen Nationalitéiten.
Viraussetzung: mindestens Sproochniveau A1.
Fir weider Informatiounen, besicht www.asti.lu oder kontaktéiert d’ASTI um 43 83 33-1.
Är Donnéeë gi benotzt, fir Iech ze kontaktéieren an eis intern Statistiken opzestellen, déi duerno un d’Stad Lëtzebuerg weidergeleet ginn.