Detailer
- Partenaire : Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)
- Datum : 25/01/2027 18:00 - 20:00
-
Wou :
Chambre des députés
19 Rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg - Sprooch(en) : FR
Type d’évènement
- Kreativ Atelieren a Begéinungs-Méiglechkeeten
Inscriptions
Den Atelier #MengChamber besteet aus enger Rei vu pedagogeschen Aktivitéiten, déi vum ZpB an der Chamber organiséiert ginn. Si erlaben de Participanten, d’parlamentaresch Aarbecht an d’Funktioun vun der Demokratie zu Lëtzebuerg kennenzeléieren. Den Oflaf vum Atelier ass flexibel gestaltbar a gëeegent fir Jonker vun all Alter. #MengChamber ëmfaasst Simulatiounen, Rollespiller souwéi praktesch Aktivitéiten, déi individuell oder a Gruppen duerchgefouert ginn. Den Atelier gesäit och eng Entrevue mat Deputéierten, eng Visitt vun de Raimlechkeeten an d’Participatioun un engem Deel vun enger Plenarsëtzung vir, wann de Programm vun der Chamber dat erlaabt.”