BUILD COHESION – Internationalen Anti-Rassismus-Seminar

Detailer

  • Partenaire : Communauté Baha'i du Luxembourg
  • Datum : 25/11/2026 10:00 - 18:00
  • Durée : 8h
  • Wou :
    Parlement européen au Luxembourg (Batiment Konrad Adenauer)
    17, Avenue John F. Kennedy,
    L-2929 Luxembourg
  • Sprooch(en) : EN

Type d’évènement

  • Coursen a Konferenzen

Inscriptions

“Wéi kënne mir iwwer de Kampf géint Rassismus erausgoen an aktiv eng Gesellschaft opbauen, an där jidderee sech dozougehéiereg fillt?
Den internationale Seminar Build Cohesion bréngt Vertrieder vun europäeschen an nationalen Institutiounen, Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft, Fuerscher a Leit, déi sech an hire Gemeinschaften engagéieren, zesummen. Gemeinsam gëtt der Fro nogaangen, wéi politesch Moossname géint Rassismus zu konkrete Verännerungen an eiser Gesellschaft bäidroe kënnen.

Wärend d’Europäesch Unioun hir Anti-Rassismus-Strategie fir d’Joren 2026–2030 a Lëtzebuerg säin nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virundréiwen, beschäftegt sech de Seminar mat der Fro, wéi politesch Moossnamen, den interkulturellen Dialog an d’Engagement an de Gemeinschaften zesummewierke kënnen, fir Virurteeler ofzebauen, d’Bezéiungen tëscht de Mënschen ze stäerken an de gesellschaftlechen Zesummenhalt ze fërderen.

Duerch Virträg, eng Table ronde an interaktiv Ateliere kréien d’Participanten d’Méiglechkeet, verschidde Perspektive kennenzeléieren, sech auszetauschen a gemeinsam konkret Weeër ze entdecken, fir eng Gesellschaft ze gestalten, déi vu géigesäitegem Verständnis, Vertrauen an engem méi staarke Gefill vun Zesummegehéieregkeet gepräägt ass.

D’Veranstaltung bitt och Raum, fir Erfahrungen ze deelen a gemeinsam doriwwer nozedenken, wéi jidderee vun eis zu enger méi vereenter Gesellschaft bäidroe kann.

Programm

10:00–10:30 Auer | Accueil an Umeldung

10:30–11:30 Auer | Offiziell Ouverture an Aféierungsvirträg
Europäesch an national Approchen am Kampf géint Rassismus a fir d’ Stäerkung vum gesellschaftlechen Zesummenhalt.

11:30–12:30 Auer | International Table ronde
Bréngen d’Aktiounspläng géint Rassismus konkret Resultater?
Wéi kënnen europäesch Strategien, national Moossnamen a lokal Initiativen zesummewierken?

12:30–13:30 Auer | Mëttegiessen an Austausch

13:30–15:00 Auer | Interaktiv Atelieren

* Den interkulturellen an interreliéisen Dialog als Wee, fir Virurteeler ofzebauen an de gesellschaftlechen Zesummenhalt ze stäerken.
* Vun der Strategie an d’Praxis: Wéi kënne Moossname géint Rassismus um lokale Plang konkret ëmgesat ginn?

15:30–16:30 Auer | Schlussfolgerungen an Ausbléck
Austausch iwwer d’Erkenntnisser, Recommandatiounen a Méiglechkeete fir eng weider Zesummenaarbecht.

16:30–18:00 Auer | Interkulturelle Museksprogramm
E musikaleschen Ofschloss, deen déi kulturell Villfalt an d’Gefill vun Zesummegehéieregkeet feiert.

Participatioun

Interesséiert Persoune kënnen um ganze Seminar deelhuelen oder, jee no Interesse an Disponibilitéit, och nëmmen eenzel Programmpunkte besichen.”

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.