Detailer
- Partenaire : EwB | ErwuesseBildung asbl
- Datum : 16/12/2026 17:30 - 19:00
-
Wou :
De Gudde Wëllen
17, rue du Saint Esprit,
L-1475 Ville-Haute Luxembourg - Sprooch(en) : EN
Type d’évènement
- Kreativ Atelieren a Begéinungs-Méiglechkeeten
Inscriptions
“En oppent a sensibel Diskussioun op Aenhéicht
Mat de Philosoph*innen Nora Schleich an Erik Eschmann
Zesumme mat Leit aus verschiddene Kulture wëlle mir d’Bedeitung vum interkulturellen Zesummeliewen aus enger philosophescher Perspektiv erfuerschen – mat kloer formuléierten Argumenter a Beispiller aus dem Alldag. Op där enger Säit hunn d’Participanten d’Geleeënheet, iwwer d’besonnesch Charakteristiken, Wäerter a Traditioune aus hirem eegene kulturellen Hannergrond ze schwätzen. Op der anerer Säit kënnen si hir Erfarungen am Beräich vun den interkulturelle Bezéiungen deelen, egal ob et bestëmmten Erkenntnisser, entstane Mëssverständnesser oder Fäll vun Diskriminatioun sinn, mat deenen si scho mol konfrontéiert goufen.
Wéi kënne mir oppe Gespréicher tëscht verschiddene Kulture féieren? Wéi eng Form sollten dës Gespréicher hunn, a kann d’Oppenheet och seng Grenzen hunn? Interkulturell Kommunikatioun verlaangt, datt mir déi kulturell Diversitéit schätzen an eis eege Kultur als eng vu ville unerkennen. Géigesäitegt Interesse a Verständnis sinn essenziell.
Zesumme wëlle mir diskutéieren, wéi dës Oppenheet an der Praxis erreecht ka ginn a wéi d’Participanten se erlieft hunn. Allerdéngs sollte mir och unerkennen, datt esou eng Oppenheet hir Grenzen huet. Jiddereen, deen d’Gëltegkeet vun anere Kulture kategoresch ofleent, schléisst sech selwer aus dem Discours aus an huet dofir kee Recht op eeben déi Oppenheet, déi en anere verweigert.
Kommt a schwätzt mat eis iwwer philosophesch inspiréiert Themen an enger entspaanter Atmosphär!
Kee Virwëssen néideg.”