“Histoires sans frontières” – de Podcast fir Grenzgängerinnen a Grenzgänger zu Lëtzebuerg

Ab dem 8. Oktober!

Dir wunnt a Frankräich oder an der Belsch a schafft zu Lëtzebuerg? Oder Dir plangt, an Zukunft zu Lëtzebuerg ze schaffen?

„Histoires sans frontières“ ass de Podcast fir Grenzgängerinnen a Grenzgänger. E begleet Iech bei de ville Froen, déi sech am Zesummenhang mam Liewen a Schaffen zu Lëtzebuerg stellen.

Aarbecht, Sozialversécherung, Steieren, Pensioun, Famill, Ausbildung a Weiderbildung, Sproochen oder administrativ Demarchen: An all Episod kritt Dir kloer an zouverlässeg Informatiounen zu den Themen, déi Ären Alldag betreffen. Expertinnen an Experte liwweren nëtzlech Erklärungen, ergänzt duerch authentesch Erfarungsberichter.

De Podcast invitéiert Iech och, Lëtzebuerg aus enger anerer Perspektiv ze entdecken: seng Geschicht, seng Kultur, seng Sproochen an déi vill Initiativen, déi d’Zesummeliewen an der Groussregioun fërderen. Well Lëtzebuerg besser kennen heescht och, d’Mënschen an hir Realitéite besser ze verstoen.

„Histoires sans frontières“ ass e Podcast vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Ënnerbréngung vu Flüchtlingen, realiséiert am Kader vum Biergerpakt. Dës Initiativ fërdert dat interkulturellt Zesummeliewen an d’Bedeelegung vun alle Persounen, déi zu Lëtzebuerg liewen oder schaffen.

Lauschtert de Podcast op Ärer léifster Plattform!

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.