Guidéiert Visitt vun der Ausstellung „Lëtzebuergesch Sprooch(en)“

Detailer

  • Organisateur : Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
  • Datum : 05/10/2026 17:30 - 19:00
  • Durée : 1h30
  • Wou :
    Centre culturel et sociétaire "An der Eech"
    4-6, rue Eich L-3352 Leudelange
  • Sprooch(en) : FR
  • Sproochniveau : B2

Inscriptions

D’Ausstellung beschäftegt sech ënner anerem mat de folgenden Themen: Méisproochegkeet, Sproochevarianten, historesch Aspekter, d’Entwécklung vun der Sprooch, souwéi d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Literatur an an de Medien.

Méi konkret ginn dës Aspekter an dräi Moduler beliicht: Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg; Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch haut?; Wéi entsteet eng Sprooch?

D’Ausstellung bitt souwuel audiovisuell wéi och partizipativ Elementer. Mat hirem Smartphone kënnen d’Visiteuren un interaktiven Aktivitéiten deelhuelen an d’Ausstellung op eng aktiv Manéier entdecken.

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.