Déi historesch Stadlandschaft

Detailer

  • Organisateur : Dr phil Robert L. Philippart, UNESCO Site Manager hon.
  • Datum : 01/10/2026 18:30 - 20:00
  • Wou :
    Sall um Rousegärtchen (Salle mise à disposition par INPA)
    7 Rue du Plébiscite
    L-2341 Gare Luxembourg
  • Sprooch(en) : FR
  • Sproochniveau : A1

Type d’évènement

  • Coursen a Konferenzen

Aschreiwung

„Lëtzebuerg, al Quartieren a Festungswierker“ gehéiert zum UNESCO-Weltierwen. Déi historesch Stadlandschaft besteet aus hirer Topographie, dem Waasser, de Bëscher, der Biodiversitéit, awer och aus de Spueren, déi d’mënschlech Presenz iwwer méi wéi e Joerdausend hannerlooss huet, an enger ganz räicher a bedeitender Geschicht. Et ass d’Zesummespill vun dësen Elementer vum natierlechen a kulturellen Ierwen, dat déi historesch Stadlandschaft ausmécht. D’Zil 11 vun de Vereente Natiounen fir nohalteg Entwicklung zielt dorop of, Stied a Siedlungen inklusiv, sécher, widderstandsfäeg an nohalteg ze gestalten. Wéi geet Lëtzebuerg mat dësem Zil ëm am Kontext vum Klimawandel, dem Flächendrock, der Chancëgläichheet an der Zougänglechkeet? Dovun hänkt eis Liewensqualitéit of. Konferenz op Franséisch mam Historiker Dr. phil. Robert L. Philippart, UNESCO Site Manager hon.

D’Konferenz dauert 90 Minutten a gëtt duerno bei engem gemittleche Patt ofgeschloss.

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.