Detailer
- Organisateur : Service de l'intégration et de l'accueil scolaires
- Datum : 14/09/2026 13:00 - 13:30
- Durée : 30 min
-
Wou :
Online
- Sprooch(en) : EN
-
Sessiounen
:
- 14/09/2026 13:00 - 13:30
Type d’évènement
- Online Informatiounssessiounen
Aschreiwung
Dës Presentatioun riicht sech u Schülerinnen a Schüler, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn, am Alter vun 3 bis 22 Joer, souwéi un hir gesetzlech Vertrieder. Si huet als Zil, hinnen déi wichtegst Informatiounen iwwert d’Integratioun an den ëffentleche Schoulsystem zu Lëtzebuerg ze vermëttelen.
Si ëmfaasst eng kuerz Presentatioun vun de verschiddene Schrëtt, déi ze maachen sinn, gefollegt vun enger Fro- an Äntwertronn, an där Dir all Är Froe stelle kënnt.
Dës Informatiounssëtzung gëtt Iech d’Méiglechkeet, de Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) kennenzeléieren an nach méi Informatiounen iwwer d’Aschreiwung an d’Integratioun vu Schülerinnen a Schüler, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn, ze kréien.
(Weider Sprooche vum Formateur: LU, DE, EN, PT)