Non-formal Bildung – „D’Betreiung vu klenge Kanner: Wéi wielen?“

Detailer

  • Organisateur : Direction générale du secteur de l'enfance du Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse
  • Datum : 13/07/2026 13:00 - 13:30
  • Durée : 30 min.
  • Wou :
    Online
  • Sprooch(en) : FR
  • Sproochniveau : B2

Type d’évènement

  • Sessions d'information en ligne

Aschreiwung

An dëser Informatiounssessioun ginn déi non-formell Bildung souwéi déi verschidde Bildungs- a Betreiungsoffere fir Kanner vun 0 bis 12 Joer virgestallt.
D’Bildungs- a Betreiungsstrukturen si Plaze vum Léieren duerch Spill an Entdeckung, an deenen d’Kanner an hirer sozial-emotionaler Entwécklung souwéi beim Opbau vu wichtege Kompetenze fir d’Zesummeliewen an enger diverser Gesellschaft ënnerstëtzt ginn. Dës Strukturen si edukativ Liewensraim, an deenen, genee ewéi an der Schoul an an der Famill, déi pedagogesch Grondsätz vun der non-formeller Bildung ëmgesat ginn, fir d’Entwécklung, d’Wuelbefannen an d’Inklusioun vun all Kand ze fërderen.
Si droen dozou bäi, datt all Kand déi selwecht Startchancen an déi selwecht Méiglechkeete fir Erfolleg kritt, onofhängeg vu sengem sozialen oder kulturellen Hannergrond. Dat geschitt an engem gemeinsame Kader, an deem sproochlech, kulturell a sozial Diversitéit als Räichtum ugesi gëtt.
Während dëser Sessioun kritt Dir en Abléck an:
• déi verschidde Betreiungsforme fir Äert Kand,
• d’Modalitéite fir Äert Kand an enger Struktur unzemellen,
• souwéi an d’Demarchë fir vum Chèque-Service Accueil (CSA) kënnen ze profitéieren, de finanzielle Supportsystem, deen den Zougang zu Bildungs- a Betreiungsstrukture vereinfachen soll.

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.