Den Orientéierungsdag

Eng ideal Geleeënheet, fir sech z’informéieren, sech auszetauschen an sech ze engagéieren

Den „Orientéierungsdag“ ass en Hallefdag-Event, deen zweemol am Joer am Kader vum Biergerpakt organiséiert gëtt.

Wärend dësem Event hutt Dir d’Méiglechkeet:

  • Iech un den Informatiounsstänn vu ville Ministèren, Verwaltungen an Associatiounen iwwer administrativ Demarchen z’informéieren;
  • Iech am Kader vun interaktive Workshops mat Acteure vum lëtzebuergeschen Associatiouns- a Kulturliewen auszetauschen; an
  • Är Liewenserfarungen zu Lëtzebuerg mat deenen anere Participanten ze deelen.

D’Zil vum Orientéierungsdag ass et, de Membere vum Biergerpakt Zougang zu Informatiounen iwwer administrativ Demarchen an iwwer Méiglechkeete fir um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen ze bidden.

Entdeckt den Orientéierungsdag an dësem Video!

 

Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.