The government of the Grand Duchy of Luxembourg

Wëllkomm

De Biergerpakt ass op fir all volljäreg Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft. De Pakt bitt Zougang zum Programm fir d’interkulturellt Zesummeliewen.

D’Aschreiwung ass fräiwëlleg. Mam Beitrett engagéieren ech mech aktiv um interkulturellen Zesummeliewen zu Lëtzebuerg deelzehuelen. Duerch de Biergerpakt entdecken ech Lëtzebuerg, seng Sproochen, seng Traditiounen, seng Wäerter, seng Veräiner an nach ganz vill mei. 

Ech sinn dem Biergerpakt bäigetrueden.

Ab elo kann ech um interkulturelle Programm vum Zesummeliewen deelhuelen:

Programm vum interkulturellen Zesummeliewen

De Programm vum interkulturellen Zesummeliewen ass gratis a gëtt Zougang zu dräi Aféierungsmodüllen iwwer
d’Liewen zu Lëtzebuerg an aus engem ëmfaassende Katalog mat individuelle Modüllen, (ou modules avancés) iwwert
Thematik vum interkulturellen Zesummeliewen. 

Aféierungs-
Modüllen

Individuell
Modüllen

Interkulturellt Zesummeliewen

Den 1. Januar 2024 ass d’Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d’interkulturellt Zesummeliewen a Kraaft getrueden.

D’interkulturellt Zesummeliewen ass e partizipativen, dynameschen a kontinuéierleche Prozess, deen et all de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder schaffen, erméiglecht, zesummen ze liewen, ze schaffen an ze decidéieren.

Dëse Prozess baséiert op géigesäitegem Respekt, Toleranz, Solidaritéit, sozialem Zesummenhalt an op der Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminéierung.. Et etabléiert Diversitéit als Räichtum an als eng Stäerkt fir d’Entwécklung vun enger interkultureller Gesellschaft. (*Art. 1: Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d’interkulturellt Zesummeliewen)

Neiegkeeten

Dir braucht méi Informatioun?
Registréiert Iech fir eisen Newsletter.

Skip to content