The government of the Grand Duchy of Luxembourg
12/10/2024

|

|

Get Involved: Formeiert Iech fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ze hëllefen

op Lëtzebuergesch, Franséisch & Englesch

Erfuerderleche Sproochniveau :

B1

Lieu :

Centre Jean XXII, 52, Rue Jules Wilhelm, L-2728 Luxembourg

Organisteur:

ASTI – Croix Rouge luxembourgeoise – Caritas

D'Formatioun Get Involved soll Fräiwëlleger ausbilden, déi sech mat Flüchtlingspopulatiounen zu Lëtzebuerg wëllen engagéieren. D'Fräiwëlleger bedeelegen sech un dräi Moduler vun jeeweils 2 Stonnen, déi vun Experten-Formateuren vun den dräi Associatiounen, déi fir dës Formatioun zesummeschaffen, ugebuede ginn.

De Modul Asylprozedur an internationale Kontext gëtt vun der ASTI asbl presentéiert, de Modul Interkulturalitéit vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an de Modul Benevolat & Mental Health vun der Caritas. Duerch dës Formatioun kënnt Dir Iech equipéieren fir mat der Flüchtlingsbevëlkerung zu Lëtzebuerg ze engagéieren an d'Bénévolatméiglechkeeten besser ze verstoen.

D'Module ginn an dräi Sproochen ugebueden, Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.

D'Formatioun ass gratis, an get an dräi Sproochen organiséiert (LUX/FR/ENG) e Moiessnack a Mëttegiessen si mat abegraff.

Aller au contenu principal