Grenzgeschichten ass de Podcast fir all déi, déi tëscht Däitschland a Lëtzebuerg wunnen a schaffen.
Säin Zil? Grenzgängerinnen a Grenzgänger dobäi ze hëllefen, méi Kloerheet iwwer hir Rechter, hir Méiglechkeeten an hiren Alldag zu Lëtzebuerg ze kréien.
De Podcast ass aktuell op Däitsch, eng franséisch Versioun ass fir 2026 geplangt.
Mat enger gelongener Mëschung aus perséinleche Geschichte vu Grenzgängerinnen a Grenzgänger an Erklärunge vun Expertinnen an Experten behandelt de Podcast verschidde komplex Themen … op eng zougänglech a konkret Aart a Weis.
Wéi eng Theme gi behandelt?
- Sozialversécherung & Besteierung
- Aarbechtsrecht, Elterecongé, Teletravail & Familljenzoulagen
- Formatioun & Studieboursen zu Lëtzebuerg
- Méisproochegkeet an Interkulturalitéit op der Aarbecht
- Sozialwalen
- Déi kleng a grouss Erausfuerderunge vum Alldag vun de Grenzgängerinnen a Grenzgänger
📅 Eng nei Episod all zwou Wochen, op alle Podcast-Plattformen disponibel!
📩 Kontakt: info@fm.etat.lu
🎧 Lauschtert de Podcast:
https://smartlink.ausha.co/grenzgeschichten/trailer
Episod 1: Zu Lëtzebuerg schaffen – wat ee wësse muss
An dëser éischter Episod vu „Grenzgeschichten – Liewen & Schaffen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland“ dréint sech alles ëm Rechter, Flichten an ëm praktesch Froen, déi fir däitsch Grenzgänger gëllen, déi zu Lëtzebuerg schaffen. Zesumme mat Martine Mirkes, Juristin bei der Salariatskammer, an Myriam Schank, Direktrice vun der Zukunftskeess, gi folgend Themen ugeschwat:
- Wat sinn d’Reegelen am Beräich Krankekeess, Teletravail, Mindestloun a Steierrecht?
- Wat fir konkret Virdeeler bitt d’lëtzebuergesch Sozialversécherung an d’Aarbechtsrecht?
- Hunn ech Recht op lëtzebuergesch Kannergeld, an wéi kann ech en Demande maachen?
D’Interviewe ginn ergänzt duerch Anekdoten a Geschichten vu Grenzgänger.
Grenzgeschichten ass e Podcast vum lëtzebuergesche Ministère fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an Accueil, realiséiert am Kader vum Biergerpakt.
Episod 2 :
Dës Episod vu „Grenzgeschichten“ beliicht zwee zentral Themen, déi besonnesch wichteg si fir Grenzgänger: d’Pensioun zu Lëtzebuerg an däi Recht op Matbestëmmung um Aarbechtsplaz.
Wéini kanns du zu Lëtzebuerg a Pensioun goen? Wéi funktionéiert d’Krankeversécherung am Ruhestand am Allgemengen a bei gemëschte Versécherungsverläef? A wat brénge Sozialwale fir dech als Grenzgänger?
Themen déi behandelt ginn:
– Pensioun zu Lëtzebuerg: Wéi eng Viraussetzunge gëlle fir Grenzgänger?
– Pré-retraite & Mindestpensioun: Wéi héich ass d’Mindestpensioun an wéini kann een an d’Pré-retraite goen?
– Pensiounscoachen: Wéi s du dech gutt op de Ruhestand virbereede kann
Sozialwale: Wat sinn d’Sozialwalen a firwat ass et wichteg, matzemaachen?
D’Gäscht vun der Episod sinn: Michel Krämer a Patrice Oster, CNAP, Sylvain Hoffmann, Chambre des salariés, Vibeke Walter, Gero, GrenzgängerInnen Michèle, Joachim & Ruth.
🎧 Eng Produktioun vun Audiotextour: www.audiotextour.de