Aféierungsmodülle
Orientéierungsdag

Den Orientéierungsdag erliichtert den Zougang zu Informatioun, Orientatioun am Alldag a Biergerbedeelegung am Grand-Duché. Op dëser Manifestatioun hutt Dir d’Méiglechkeet op Informatiounsstänn vu verschiddene Ministèren, Verwaltungen an Associatiounen iwwert d’Verwaltungsprozeduren gewuer ze ginn, mat Leit, déi am lëtzebuerger associativen a kulturelle Liewen involvéiert sinn, a verschiddenen interaktiven Atelieren ze schwätzen an Är Liewenserfarungen zu Lëtzebuerg ze deelen mat anere Participanten.
Déi nächst Journée d’orientation fënnt am Mäerz 2026 statt. Weider Informatioune ginn deemnächst publizéiert.